Fäerdeg Fotoen
Hallo!
Villmools Merci nach eemol fir déi flott Zesummenaarbecht, et huet immens vill Spaass gemaach.
Är fäerdeg Fotoe sinn elo prett an dir kennt se hei eroflueden.
Falls dir d’Biller mam Handy erofluet, fannt dir se je no Betribssystem eventuell fir d’éischt am Download-Dossier. Vun do aus kennt dir se an déi normal Galerie verschiben.
An der Online-Galerie wierken d’Fotoen eventuell e bëssen onschaarf, dat ass well d’Virschaubiller kompriméiert goufen, fir d’Säit méi séier ze lueden. Mam Download kritt dir d’Fotoen natierlech an der héchster Qualitéit. Maacht dofir w.e.g. keng Screenshots, mee luet d’Fotoen iwwer den Download-Button erof.
Dir kritt all Foto jeeweils an 2 Versiounen:
– Dateien mat der Endung “_Web”: mat mengem Logo, optiméiert fir Social Media fir se ouni laang Luedezäiten an ouni Qualitéitsverloscht deelen ze kennen. Ech freeë mech iwwregens ëmmer iwwer eng Verlinkung ☺️
– Dateien mat der Endung “_Print”: ouni Logo, an der maximaler Qualitéit, ideal fir ze printen. Dës Versioun ass net fir d’Verëffentlechung am Internet geduecht.
Ausserdeem kennt dir iwwer d’Galerie direkt Ofzich, Leinwänn an aner héichwäerteg Produite vun äre Lieblingsbiller bestellen. Ech schaffen dofir mat ausgewielte Fotoslaboen zesummen, fir iech eng eemoleg Qualitéit kennen ze bidden.
Villmools Merci nach eemol fir äert Vertrauen an dee flotte Fotoshooting. Ech wënschen iech ganz vill Freed mat äre Fotoen an hoffen, dass mir eis geschwënn rëmgesinn! ❤️
Wann dir Loscht hutt, géif ech mech immens iwwer eng Bewäertung op Facebook oder Google freeën – dat bedeit mir ganz vill 🥰

















