Auswahl
Hallo dir zwee!
Villmools Merci nach eemol fir dee flotte Shooting ❤️
Hei kennt dir elo är Lieblingsfotoen auswielen. Fir är Favoritten ze markéieren, klickt einfach op d’Häerzche bei deene Fotoen, déi dir wëllt hunn. Bei der éischter Kéier gitt dir opgefuerdert e Konto ze erstellen – esou kennt dir är Auswiel zu all Moment rëm opruffen.
WICHTEG: Vergiesst net, är fäerdeg Auswiel ënner “Favoriten” ofzeschécken, soss gesinn ech se leider net.
D’Fotoen an dëser Galerie si grondoptiméiert, fir iech eng Iddi vum finalen Beaarbechtungsstil ze ginn. Nodeems dir är Fotoen erausgesicht hutt, gi se vu mir individuell beaarbecht. Wann dir besonnesch Beaarbechtunswënsch hutt, kennt dir déi gären direkt als Kommentar bei déi eenzel Fotoe schreiwen.
Denkt w.e.g. drun, dass dës Fotoen nach net fir d’Verëffentleche fräi gi sinn, mee nëmme fir är Auswiel geduecht sinn. Maacht w.e.g. keng Screenshots dovun, ech schécken iech déi fäerdeg Fotoe an héchster Qualitéit soubal se beaarbecht sinn 🙂
Hei nach eemol eng kleng Iwwersiicht zu ärem Package:
– 5 Fotoe sinn inclus
– dir kennt bannent 12 Méint weider Fotoen nobestellen:
– eenzel beaarbecht Fotoen: 30€ pro Bild
– all Fotoen aus dëser Galerie (grondoptiméiert, ouni Retusch): 490€
Ech wënschen iech ganz vill Spaass beim Duerchkucken an Auswielen! Wann dir Froen oder Wënsch hutt, mellt iech gäre bei mir 🥰










































































































































































