Fäerdeg Fotoen
Hallo!
Villmools Merci nach eemol fir déi flott Zesummenaarbecht, et huet immens vill Spaass gemaach.
Deng fäerdeg Fotoe sinn elo prett an du kanns se hei eroflueden.
Falls du d’Biller mam Handy erofluets, fënns du se je no Betribssystem eventuell fir d’éischt an dengem Download-Dossier. Vun do aus kanns de se an deng normal Galerie verschiben.
An der Online-Galerie wierken d’Fotoen eventuell e bëssen onschaarf, dat ass well d’Virschaubiller kompriméiert goufen, fir d’Säit méi séier ze lueden. Mam Download kriss du d’Fotoen natierlech an der héchster Qualitéit. Maach dofir w.e.g. keng Screenshots, mee lued d’Fotoen iwwer den Download-Button erof. W.e.g. denk och drun, dass d’Fotoen net dierfen nodréiglech beaarbecht ginn (och net duerch Filteren etc.)
Du kriss all Foto jeeweils an 2 Versiounen:
– Dateien mat der Endung “_Web”: mat mengem Logo, optiméiert fir Social Media fir se ouni laang Luedezäiten an ouni Qualitéitsverloscht deelen ze kennen. Ech freeë mech iwwregens ëmmer iwwer eng Verlinkung ☺️
– Dateien mat der Endung “_Print”: ouni Logo, an der maximaler Qualitéit, ideal fir ze printen. Dës Versioun ass net fir d’Verëffentlechung am Internet geduecht.
Ausserdeem kanns du iwwer d’Galerie direkt Ofzich, Leinwänn an aner héichwäerteg Produite vun denge Lieblingsbiller bestellen. Ech schaffen dofir mat ausgewielte Fotoslaboen zesummen, fir dir eng eemoleg Qualitéit kennen ze bidden.
Villmools Merci nach eemol fir däi Vertrauen an dee flotte Fotoshooting. Ech wënschen dir ganz vill Freed mat denge Fotoen an hoffen, dass mir eis geschwënn rëmgesinn! ❤️
Wann s du Loscht hues, géif ech mech immens iwwer eng Bewäertung op Facebook oder Google freeën – dat bedeit mir ganz vill 🥰

































