Auswiel
Hallo Michèle!
Villmools Merci nach eemol fir dee flotte Shooting ❤️
Hei kanns du elo deng Lieblingsfotoen auswielen. WICHTEG: Vergiess net, deng fäerdeg Auswiel ënner “Favoriten” ofzeschécken, soss gesinn ech se leider net.
D’Fotoen an dëser Galerie si grondoptiméiert, fir dir eng Iddi vum finalen Beaarbechtungsstil ze ginn. Nodeems du deng Fotoen erausgesicht hues, gi se vu mir individuell beaarbecht. Wann s du besonnesch Beaarbechtungswënsch hues, kanns du déi gären direkt als Kommentar bei déi eenzel Fotoe schreiwen.
Denk w.e.g. drun, dass dës Fotoen nach net fir d’Verëffentleche fräi gi sinn, mee nëmme fir deng Auswiel geduecht sinn. Maach w.e.g. keng Screenshots dovun, ech schécken dir déi fäerdeg Fotoe an héchster Qualitéit soubal se beaarbecht sinn 🙂
Hei nach eemol eng kleng Iwwersiicht zu dengem Package:
– 10 Fotoe sinn inclus
– du kanns bannent 12 Méint weider Fotoen nobestellen fir 30€ pro Bild
Ech wënschen dir ganz vill Spaass beim Duerchkucken an Auswielen! Wann s du Froen oder Wënsch hues, mell dech gäre bei mir 🥰
























































































