Auswiel 04/25
Hallo!
Villmools Merci nach eemol fir dee flotte Shooting ❤️
Hei kanns du elo deng Lieblingsfotoen auswielen. WICHTEG: Vergiess net, deng fäerdeg Auswiel ënner “Favoriten” ofzeschécken, soss gesinn ech se leider net.
D’Fotoen an dëser Galerie si grondoptiméiert, fir dir eng Iddi vum finalen Beaarbechtungsstil ze ginn. Nodeems du deng Fotoen erausgesicht hues, gi se vu mir individuell beaarbecht. Wann s du besonnesch Beaarbechtunswënsch hues, kanns du déi gären direkt als Kommentar bei déi eenzel Fotoe schreiwen.
Hei nach eng kleng Iwwersiicht zu dengem Package:
– 5 Fotoe sinn inclus
– du kanns bannent 12 Méint weider Fotoen nobestellen:
– eenzel beaarbecht Fotoen: 30€ pro Bild
– all Fotoen aus dëser Galerie (grondoptiméiert, ouni Retusch): 490€
Ech wënschen dir ganz vill Spaass beim Duerchkucken an Auswielen! Wann s du Froen oder Wënsch hues, mell dech gäre bei mir 🥰













































































































