Dressurturnier Lintgen | 26.-27. April 2025
Hallo!
Villmools Merci fir däin Interesse un den Turnéierfotoen vum Dressurturnéier am Reitstall Equinox zu Lëntgen.
Ech wäert dee ganze Weekend sur place sinn an all Prüfunge fotograféieren. Wéi ëmmer hu mir och ee Stand, un deem s de deng Fotoen scho kuerz no der Siegerehrung vun denger Prüfung ukucke kanns. Wann s de sur place Fotoe keefs, kriss du se spéitstens Méindes, meeschtens souguer nach dee selwechten Dag, an domat virun allen aneren. Komm gäre bei eis laanscht!
E puer Deeg nom Turnéier ginn d’Fotoen och hei an d’Galerie gelueden. Du kanns gären iwwer de Button „Jetzt vormerken lassen!“ deng Email-Adress androen, da kann ech dech benoorichtegen soubal d’Fotoen disponibel sinn ❤️
NEI: Zousätzlech gëtt et dëst Joer déi éischte Kéier d’Méiglechkeet, däi Rëtt vu mir filmen ze loossen!
– Videoe si nëmme méiglech fir Prüfungen, déi eleng geridde ginn
– et kann net gläichzäiteg gefilmt a fotograféiert ginn
– Videoen entstinn nëmmen op Ufro a no Bezuelung am Firaus. Mell dech w.e.g. per WhatsApp un +352 621 962 802 bei mir mat dengem Numm, denger Startnummer an denger Prüfung, oder komm firum Start vun der Prüfung un eisem Stand laanscht!
– du kriss an der Woch nom Turnéier vu mir ee Video vun ca. 20-40 Sekonnen (Héichformat, ouni Toun)
– reguläre Präis: 49€ / Schüler, Studenten an Azubis: 39€
All Infos a Live-Updates ginn et a menger Instagram-Story.
Mir freeën eis op ee flotte Weekend an drécken alle Reider ganz fest d’Daumen!
Bis geschwënn,
Jenna